Best Practice Blog
Hei präsentéiere mir Iech verschidde Beispiller vu Projeten, déi an de Schoule mat den OLEFA Tools erstallt goufen. Vill vun dëse Beispiller sinn och am Kader vum HomeSchooling während dem éischte Confinement vun der Corona Pandemie entstan.
OLEFA How-to Guides & Support Infos
» Weider Informatiounen
Blog
Mathe-Unterrëcht / Addition mit Überschreiten
22.03.2020 23:03Déi hei Ressource weist e Beipill wéi de Storyboard ka benotzt ginn fir de Schüler-innen ze erklären wéi de Rechnewee funktionnéiert an si esou schrëttweis ze guidéieren. D'Recheschrëtt si visuell duergestallt an op FR an DE mëndlech erklärt.
Beispiller C2 EF Nelly Stein:
Addieren mit Überschreiten ZE + ZE
Addieren mit Überschreiten ZE + ZE Rechenstrich
» Fotoen
Collage artistique et multimedia zum Thema Zirkus
22.03.2020 00:03D'Geschicht vum Clown a vun der Ballerina ass an dem hei Beispill artistesch verschafft an illustréiert ginn an op Lëtzebuergesch fräi noerzielt ginn.
De Clown an d'Balerina
» Detailer
Work@Home - Online Léier-an Aktivitéitencarnet
22.03.2020 00:03Beispill vun engem Léier- an Aktiviéitencarnet vun engem Schüler aus der Grondschoul vu Wëntger.
An de Wiki-Projet deen den Enseignant individuell fir all Schüler-in opgemat huet, setzen Schüler déi Aufgaben déi si doheem maachen einfach mat Drag-and-Drop drop. Schüler -inne kënnen och eng Sproochnoricht opschwätzen oder eng mëndlech Aufgab direkt an deem Wiki maachen. Den Enseignant kann dann gesinn wéi de/d' Schüler-in weiderkennt, him/hir direkt am Wiki e Feeback ginn (mëndlech oder schrëftlech) a ganz individuell suivéieren a fërderen.
Zum Beispill
» Fotoen
Tutoriel_workhome_storyboard1.pdf (4.98 MB)
Work@Home - Guide fir d'Elteren
21.03.2020 23:03Dësen Newsbäitrag iwwer d'Internetportal vun der Grondschoul vu Wëntger résuméiert a kurzer Form fir d'Elteren, (déi jo och bis dato net confrontéiert ware mat Homeschooling) wat dLéierpersonal vum C2 de Schülerinnen als Télétravail ubidd a wéi se sech kënnen organiséieren fir een Austausch mat der Schoul ze hunn.
Hei zum Beispill
» Detailer
» Fotoen
Klassesäit mat Ressourcen fir doheem ze léieren
20.03.2020 23:03Beispill vun engem Wiki aus dem C2 /aus der Ganzdagesbetréiungsstruktur Villa Mirabella) deen fir Schüler-innen an Elteren all Informatiounen, Instruktiounen a Recommendatiounen gruppéiert wat doheem schoulesch wichteg wier ze behandelen.
Klassesäit mat Aufgaben
.
» Detailer
Formation musicale - Gehéier Training - Chant autonome
20.03.2020 23:03Dëst ass e Beispill vun engem digitalen Aarbechtsblat (Musekschoul vun Déifferdéng)mat Audio-Elementer als Hëllefstellung fir d'Schüler vun der Formation musicale.
» Detailer
Formation musicale
Maus Kätti - mat däitscher Gebärdesprooch
20.03.2020 23:03Déi hei Ressource kënn Dir u Schüler-inne weiderleeden déi eventuell eng Héierschiedegung hunn.
D'Gedicht ass an déi däitsch Gebärdesprooch iwwersat ginn, fir Schülerinnen mat enger Héierschiedegung déi Geschicht kënne verstoen. De Video mat der Gebärdesprooch ass direkt an e Storyboard agebett ginn.
Maus Ketti an DGS
» Detailer
Maus Kätti - Héierbuch
20.03.2020 22:03D'Maus Ketti vum Auguste Leisch, hei virgelies vun engem Schüler aus dem LAML mat der Applikatioun Tiparlo. Déi Applikatioun erlabt déi mëndlech Sproochkompetenz ze entwéckeln a funktionnéiert nom Prinzip vun engem "Sproochen Recorder". Schüler-innen kënnen Geschichten a klengen Sequenzen ophuelen, sech offlauschteren, nees nei ophuelen an hir Mëndlechkeet mat deem Prinzip selwer lafend verbesseren.
Audio-book Maus Ketti
» Detailer
Iddien a Material fir den Cycle 2
20.03.2020 15:03Hei fannt Dir ganz vill Material fir d'Sproochenunterrecht, am Däitschen an am Franséischen, déi Schüler-innen doheem kënne benotzen. ( Wiederlëschten, Vocabulaire, ... )
» Zur Iwwersiicht
» Detailer
Lauschteren vun Wierderléschten, Geschichten / Ecoutes mots et histoires
20.03.2020 07:03Ressourcen erstall vum C2 aus der Grondschoul Däich vun Diddeleng. D'Schülerinnen kënnen d'Wierder lauschteren, noschwätzen eventuell noschreiwen, an hirer egener Sprooch soen fir ze erkennen op et eng téschent dem Wuert an hirer Sprooch am Franséischen eng Relatioun gëtt.
Mam Lauschteren an dem Héieren vu Geschichten an däitscher Geschicht verbesseren d'Kanner hirt Verständnis vun der Sprooch.
DE - Als die Raben noch bunt waren